[./photosporteouverte.html]
[./index.html]
[./company.html]
[./company.html]
[./diaporama.html]
[./porte_ouverte.html]
[./mentions_legales.html]
[./services.html]
[./products.html]
[./agenda.html]
[./contact.html]
[./liens.html]
[Web Creator] [LMSOFT]

 De Radio
Radio Diddeléng asbl ass 1992 duerch e puer idealistesch Privatleit gegrënnt gin  déi voller Entousiasmus ware fir Radio ze maachen.

Vun der éischter Stonn u sinn d'Emissounen aus dem Studio den an engem Privathaus an der Bannentstrooss installéiert war 24/24 Stonnen op der Frequenz 103.9 iwwerdroe ginn.

1994 huet de Radio seng Dieren an den Aale Pompierslokalen hannert der Gemeng opgemaach.

1996 ass d'Frequenz vu Radio Diddeleng offiziell op 103.6 geännert ginn.

Zanter hier ass de Radio gewuess an Animateuren aus allen Altersklassen
hunn hier Emissioune proposéiert. Huele mer just e puer Beispiller:  "Happy Hour", "Show-Time", "On Air", an eng Abberzuel vun aner Emissiounen déi vu Jonken an och vill manner jonken animéiert goufen.
Erënnere mer eis un den Här Jos Weirich mat senger Emissioun "Die Kriegsjahre 1940-1945 oder awer den Här Nic Daubenfeld deen et fäerdeg bruecht huet mat sengem "Düdelinger Allerlei" onvergiesslech Diddelenger Anekdoten ze verzielen.

Net ze vergiessen d'Emissioune vun der portugisescher Communautéit vun Diddeleng. Hir Emissioune woren all déi Joer e fundamentale Pilier fir de Radio, mat interessanten, informativen a kreative Programmer.

Et wor 2007 wou déi Responsabel vum Radio Diddeléng décidéiert hun fir d'Studioen an déi gesamt Technik vum Radio ze moderniséieren

No 2 Joer Aarbecht a mat vill Ënnerstëtzung vun der Diddelenger Gemeng an dem Syndicat d'Initiative vun Diddeléng konnt och dës Aufgab gemeeschtert ginn, an den 13. Februar 2009 war Porte-ouverte an offiziell Aweiung vun den neie Studioen.
  
Historique
+
+
Presentatioun
Radio Diddeléng ass eng Asbl. mam  but ze informéieren an ze ënnerhalen

Eis Equipe

Talentéiert, ënnerschiddlech an hirer Zesummesetzung  a vereent  duerch hiren Enthousiasmus, besteet eis Équipe ausschliisslech aus fräiwëllege Mattaarbechter. Déi villfälteg Funktiounen déi am Radio ze erfëlle sinn erlabe jiddwerengem seng Kompetenzen a Motivatiounen anzebréngen.

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetuer adipiscing elit, sed diem nonummy nibh euismod tincidunt ut lacreet dolore magna aliguam erat volutpat. Ut wisis enim ad minim veniam, quis nostrud exerci tution ullam corper suscipit lobortis nisi ut aliquip ex ea commodo consequat. Duis te feugi facilisi. Duis autem dolor in hendrerit in vulputate velit esse molestie consequat, vel illum dolore eu feugiat nulla facilisis at vero eros et accumsan et iusto odio dignissim qui blandit praesent luptatum zzril delenit au gue duis dolore te feugat nulla facilisi.
Localisation
+
Porte ouverte du 13.02.2009
An der Presse
En Häerz fir Haîti